Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Zanter dass et Horrorfilmer ginn, ginn et Blockbuster iwwer Exorzismus.
Conjuring, Constantine, Insidious, The Ritual, The Exorcist, fir der just e puer ze nennen. Elo kënnt dann e weideren an de Kino, The Pope’s Exorcist, eisen Eldoradio Film vun der Woch.

De Film erzielt d’Geschicht vum Paschtouer Gabriele Amorth, deen am Déngscht vun der kathoulescher Kierch schonn dausende vun Exorzismen duerchgefouert huet. Hannert sengem nächste Fall stécht allerdéngs wäitaus méi wéi ufanks geduecht. Am Laf vum Film deckt hien nämlech eng joerhonnertelaang Verschwierung vum Vatikan op.

The Pope’s Exorzist ass elo net onbedéngt eng mega Offenbarung. Villes am Film follegt der klassescher Formel vun engem Exorzismus-Horror-Film. De Blockbuster gouf allerdéngs gutt ëmgesat an och d’Geschicht ass gutt erzielt. Ervirhiewe muss een awer déi exzellent Performance vum Oscar-Gewënner Russel Crowe an der Haaptroll.

Horror-Fans, gitt roueg an de Kino, dir maacht bei dësem Film net vill falsch.