
© Marvel Studios
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
2004 huet den James Gunn mat Guardians of the Galaxy eng erfrëschend Ofwiesslung an de Marvel Cinematic Universe bruecht. E Grupp vu Loser, déi sech zesummendinn a mat vill Witz an Empathie probéieren, d’Galaxis ze retten. Elo, néng Joer méi spéit, geet d’Geschicht op en Enn. Guardians of the Galaxy 3, eisen Eldoradio Film vun der Woch.
Mäi Liblingscharakter bei de Guardians ass de Rocket Racoon a genee dee bréngt d’Geschicht vum drëtten Deel un d’Rullen. Hien gëtt nämlech vu senger Vergaangenheet ageholl an entfouert. Doropshi mussen déi aner Guardians op eng allerlescht riskant Rettungsmissioun goen.
Guardians of the Galaxy 3 ass den Ofschloss vun der Trilogie. An den Abschid ass definitiv well aktuell ass net geplangt fir déi verschidde Charakter an Zukunft nach an den MCU ze integréieren. Wat ongewéinlech ass, ëmmerhi gehéieren déi eenzel Helden zu de beléiftste Charaktere vu Marvel.
Dat heescht awer och, dass de Regisseur James Gunn probéiert, all Figur gebierteg ze verabschiden. Am Allgemenge steet am Film d’Relatioun vun de Guardians am Mëttelpunkt a virun allem de Fait, dass se am Laf vun den dräi Filmer zu enger richteger Famill gi sinn, déi einfach alles ee fir deen anere géif maachen. Sou réckelt déi typesch Marvel-Action an déi eigentlech Missioun, d’Galaxis ze retten, éischter an den Hannergrond.
Emotional vun Ufank bis zum Schluss an déi eng oder aner Tréin gëtt och verdréckt.
Fazit: Fir Marvel-Fans definitv e Must-See!