Den Dracula mécht sengem Dénger Renfield d'Liewe schwéier, wëll dësen sech selbststänneg well maachen, mee dat gefält dem Lord Dracula awer u sech guer net

Dracula-Filmer ginn et esou vill wéi Sand um Mier. Majo elo ass eng weider Neiverfilmung vum berüümtste Vampir an eise Kinoen: de Renfield. De Film ass awer kee rengen Horrorfilm, mee eng Horror-Comedie.

De Film zielt Geschicht vum Renfield. Hie gëtt dozou gezwonge sengem Meeschter dem Dracula ze déngen. Dat heescht de Renfield muss den Dracula mat Affer versuergen a him follegen. An dat ganz egal wéi schlëmm seng Befeeler sinn. No sëllege Joerzéngten a senger Gefaangenschaft, ass de Renfield endlech prett säi Meeschter ze verloossen. Fir esou een neit Liewen unzefänken. Dozou muss et him awer fir d'éischt mol geléngen, d'Ofhängegkeet vu sengem Här ze iwwerwannen. An dat probéiert hien zesumme mat enger Polizisten ze erreechen.

Den Nicolas Cage iwwerzeegt op jiddefalls an der Roll vum Dracula an de Film huet och sëllege Witzer unzebidden, déi dee ganze Film opwäerten, well Story u sech ass séier gezielt. Mee trotzdeem kann ee bei dësem Film ee gudden Owend verbrénge bei deem ee genuch ze laache kritt.

De Film kann ee vum 10. Mee un an eise Kinoe kucken.

Lauschtert hei de ganze Reportage.