Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Fast & Furious…Ganz éierlech, nom véierten Deel hätt ech perséinlech am léifsten opgehale mat kucken. D'Filmer sinn onrealistesch, komplett iwwerdriwwen an un Absurditéit net ze iwwertreffen. Virun allem stellen ech mir zanter Joren d’Fro ob de Vin Diesel net vläicht einfach de Moment verpasst huet fir ze erkennen, dass et endlech duergeet! Mee bon, de Franchise huet seng Fans an d’Filmer zéien ëmmer nees Millioune vu Leit weltwäit an de Kino. Elo kënnt de mëttlerweil 10ten Deel eraus, Fast X, eisen Eldoradio Film vun der Woch.

Punkto Story féiert den Dominic Torretto mëttlerweil e rouegt Liewen a konzentréiert sech op seng Frënn a seng Famill. Par Contre gëtt hie vu senger Vergaangenheet ageholl, zu Rio de Janeiro ass deemools nämlech e Mann ëm d’Liewe komm an deem säi Jong huet wärend 12 Joer seng Revanche um Dom a senger Equippe geplangt.

Wat soll ech Iech soen…. Fast & Furious gëtt zanter Jore kritiséiert. Verschidde Kritiker behaapten esouguer, de leschten a néngten Deel wier bis ewell den Déifpunkt vun der Franchise gewiescht. Virun allem bei de Schauspiller handelt et sech zanter Joren ëm zum Deel richteg grouss Nimm (Brie Larson, Jason Statham, Michelle Rodriguez). Dacks handelt et sech awer ëm e klore Fall vu verschwentem Potenzial. Virun allem iwwer dem Vin Diesel säi Macho-Gedöns a seng eidel Spréch kann ech och an dësem Film kee gutt Hoer loossen.

E puer Liichtblécker ginn et awer, sou zum Beispill den Jason Momoa, deen als neie Béisewiicht op ganzer Längt iwwerzeegt. Och dem John Cena seng Leeschtung léisst sech absolutt weisen. Am Verglach mat senger Virgänger leet Fast X de Fokus däitlech méi op déi eenzel Figuren. D’Action ass nach ëmmer komplett iwwerdriwwen (am negative Sënn) ma wéinstens sinn dës Kéier keng Panzer, U-Booter oder de Weltraum involvéiert.

Wéi seet de Vin Diesel alias Dominic Toretto esou gären ?
D’Fast & Furious Familia wäert de Wee an de Kino mat Sécherheet fannen.
Ech perséinlech gi mat deem Geld awer léiwer an de Restaurant.