
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
De 16ten Oktober feiert The Walt Disney Company säin 100te Gebuertsdag a quasi pünktlech fir de Jubiläum bréngt Disney seng neiste Realverfilmung an de Kino, The Little Mermaid, eisen Eldoradio Film vun der Woch.
D’Story muss ech op dëser Plaz mengen ech net méi grouss erklären. D’Realverfilmung bleift dem Original aus dem Joer 1989 trei, gëtt der Geschicht awer en erfrëschenden a modernen Touch. De Film entwéckelt säi ganz eegene Charme an huet hei an do och mol eegen Iddien.
Ech si perséinlech wierklech kee Fan vun Disney-Realverfilmungen! Dumbo, Susi und Strolch, Mulan, Pinocchio, Peter Pan und Wendy, keen huet mech par Rapport zum Original wierklech iwwerzeegt. Deementspriechend iwwerrascht war ech wéi ech d’Meenungen zu The Little Mermaid gelies hunn. De Kritiker huet d’Realverfilmung vun Arielle nämlech richteg gutt gefall!
Positiv ewech komme virun allem déi verschidden Déieren an eleng wéinst dem Trailer muss een do scho soen, Chapeau un d’Computertechnik am Joer 2023. Gekoppelt gëtt dat Ganz da nach mat iwwerzeegende Synchronstëmmen.
Virun allem awer déi richteg Schauspiller gi gelueft. Ervirzehiewen ass hei ganz kloer d’Halle Bailey an der Haaptroll. Dëse Choix huet iwwer d’Méint ëmmer nees fir Opreegung gesuergt, ma ganz éierlech, mir liewen am Joer 2023. A wann ee verschidde Kritiker gleewe kann, gëtt hatt nom Elsa déi nächst Disney-Prinzessin, déi e Virbild fir Millioune vu Meedercher wäert sinn.
De Film mécht Spaass, verbreet gutt Laun, gesäit impressionant aus an ass wéi et schéngt déi beschte Realverfilmung, déi Disney bis dato erausbruecht huet.
Arielle - The Little Mermaid, eisen Eldoradio Film vun der Woch.