
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Dës Kéier riicht sech eisen Film vun der Woch endlech nees eng Kéier un d’Horror-Fans am Eldoland. Et handelt sech nämlech em eng nei Verfilmung vun engem Stephen King Klassiker. An eleng dat ass Grond genuch fir sech de Film méi genee unzekucken, The Boggeyman.
Am Film geet et ëm e Monster, dat am Donkele lauert a Juegd op kleng Kanner mécht. Dat virun allem an hirer Kummer wou d’Elteren Näischt vu senger Präsens matkréien.
Interessant Metapher vum Filmkritiker Fred Topel:
De Boggeyman symboliséiert de Moment am Liewe vun engem Teenager, dee realiséiert, dass seng Elteren hien net wierklech virun der realer Welt dobausse beschütze kënnen.
Wann en Horror-Film op engem Roman vum Stephen King baséiert, sinn d’Erwaardungen natierlech héich. Dacks sinn dës Produktiounen och duerchaus derwäert, wéi zum Beispill och bei IT aus de Joren 2017 an 2019. Emplus huet d’Verfilmung vu Boggeyman dem Schrëftsteller selwer och relativ gutt gefall.
Klenge Fun Fact:
De Film huet am Laf vun de leschte Méint e puer Mol missen adaptéiert ginn, well en dem Testpublic anscheinend ze grujeleg war.
The Boggeyman, eisen Eldoradio Film vun der Woch.