Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Wéi sot den Disney-Produzent Sean Bailey virun e puer Wochen an engem Interview: De Grond firwat mir ëmmer nees nei Toy Story, Frozen oder The Lion King Filmer erausbréngen, ass ganz einfach. Saachen, déi d’Leit scho kennen, funktionéieren einfach bei wäitem besser. Fir eis als Entreprise ass et immens schwéier mat enger komplett neier Story e grousse kommerzielle Succès ze hunn.

Mee Hey, Disney probéiert et trotzdeem ëmmer erëm an dofir ass virun allem de Pixar-Studio responsabel.

De neien Animatiounsfilm Elemental spillt an der Stad Elemental City. Feier, Waasser, Äerd a Loft liewen hei a kompletter Harmonie, par contre relativ getrennt vuneneen. Elements Don’t Mix heescht et, virun allem am Ufank vum Film, ma déi relativ speziell Frëndschaft tëscht dem temperamentvolle Flam an dem sentimentale Flack kéint genee dat an Zukunft änneren.

Wien e Pixar-Film an de Kino kucke geet, weess ganz genee wat en erwaart. Eng schéi Geschicht mat ganz vill Witz, Charme an Häerz, déi visuell richteg gutt ëmgesat ass an Elemental ass do keng Ausnam. Et ass vläicht net de beschte Pixar-Film, mee trotzdeem eng gelonge Produktioun. Ob eleng, mam Partner oder mat der ganzer Famill, typesch Pixar ass et Film bei deem Jiddereen, jonk an al op seng Käschte kënnt.