
© YouTube Screenshot
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer de Film vun der Woch.
De Film vun der Woch ass DEN Horror-Film vum Summer, an zwar "Insidious: The Red Door". Et ass de 5. Deel vun der Insidious Franchise. Mee en ass eng direkt Fortsetzung vum Film Insidious Chapter 2, deen 2013 erauskomm war.
10 Joer nom Schluss vum 2. Kapitel vun Insidious geet d’Geschicht am Film "Insidious: The Red Door" weider. Hei geet et dann nees ëm d’Famill Lambert.
Dem Josh Lambert säi Jong Dalton ass elo al genuch fir op d’Uni ze goen. Virun 10 Joer goufen hien a seng Famill scho vun Dämone verfollegt, an als klenge Jong war hien am Koma. Mee am Studenten-Alter kann hie sech net méi drun erënneren.
Op der Uni fänken dann nees komesch Dreem un. Mee et stellt sech eraus dass et keng Dreem sinn. An zwar gëtt déi ganz Famill nees vun Dämone verfollegt. Verschidde Geheimnisser fléien dann och op. Si mussen dann och d’Rätsel vun der rouder Dier léisen.
De Patrick Wilson, deen de Familljepapp Josh Lambert spillt, ass och de Regisseur vum Film. An engem Interview sot hien dass hie laang gebraucht huet fir den Job vum Regisseur och unzehuelen.
Déi éischt Reviews, déi een iwwert de Film fënnt, sinn awer net esou positiv. Dem Patrick Wilson seng Regie wier net extrem revolutionär an hätt sech ze vill op Elementer baséiert, déi et schonn an den anere Filmer gouf. Dämone sinn och vläicht net sou impressionnant wéi an deene leschten Deeler.
D’Bezéiung tëscht Papp a Jong ass och eppes wat ee schonn an anere Filmer gesinn huet, mee déi wier gutt duergestallt ginn. Fir Fans vun der Franchise ass de Film schonn interessant, mee deen deen sech op e kreative frëschen Horrorfilm gefreet huet, kënnt net komplett op seng Käschten.