Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer de Film vun der Woch.

Lauschtert hei de Reportage

Wéi de Film ugekënnegt gouf, war d'Redaktioun gedeelter Meenung. Ech perséinlech hu gelaacht an de Kapp gerëselt, ma desto méi ech iwwer de Film gewuer gi sinn, gelies an héieren hunn, desto méi huet sech erausgestallt, dass hei en Highlight vum Kinosjoer 2023 virun der Dier steet.

I’m A Barbie Girl in a Barbie World...
Alles ass Rosa an op den éischte Bléck perfekt, sou och d’Liewe vum Barbie a Ken. Déi fannen sech awer bemol an der realer Welt zréck a fannen eraus, wat Perfektioun wierklech bedeit.

Ganz éierlech, ech hätt net geduecht, dass ech mech schlussendlech esou géif op dëse Film freeën. D’Kritiker sinn sech eens, Barbie ass de bis ewell ënnerhalsaamste Film vum Joer 2023. Virun allem d’Margot Robbie als Barbie an de Ryan Gosling als Ken iwwerzeegen op ganzer Längt a ginn och scho fir den Oscar gehandelt. De Film ass net just witzeg, verréckt a onmoosseg ënnerhalsam, ma liwwert och eng gewësse Kritik un eiser Gesellschaft, eisem Fraebild an dem Fakt, dass net ëmmer alles esou perfekt ass, wéi et schéngt.

Eldoland, gitt Iech Barbie an de Kino ukucken! Dir wäert et net bereien!