
© Youtube Screeshot
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Wann dir schonn eng Kéier am Disneyland waart, kennt dir bestëmmt d'Attraktioun The Haunted Mansion. Dat bekannt Grujelhaus, dat 1969 opgaangen ass, huet et am Joer 2003 schonn eng Kéier bis an de Kino gepackt. De Blockbuster mam Eddie Murphy konnt awer deemools net esou richteg iwwerzeegen. Disney probéiert elo en zweete Versuch an eppes kënne mir scho verroden, déi ne Versioun ass wesentlech besser.
Eng elengerzéiend Mamm plënnert mat hirem klenge Jong an eng al Villa, déi sech awer relativ séier als grousst Grujelhaus erausstellt. Si beoptragen doropshin e Grupp vu Geeschterjeeër, déi sech schlussendlech awer net als Professioneller, mee éischter als Pseudo-Experten erausstellen. Zack Bumm, sinn si bemol selwer am Haus gefaangen.
The Haunted Mansion ass besser wéi d’Versioun aus dem Joer 2003. Dat heescht awer net, dass de Film gutt ass. En ass OK! Punkto Schauspiller si mam Jared Leto, Danny DeVito, Owend Wilson a Jamie Lee Curtis e puer grouss Nimm mat dobäi. De Film iwwerzeegt awer punkto Emotionalitéit a mat der Aart a Weis, wéi dat ganzt Grujelhaus visuell ëmgesat gouf. Punkto iwwerdriwwe CGI-Effekter huet een sech hei och positiv zréckgehalen. Negativ ass, dass een net esou wierklech weess fir wien dëse Film iwwerhaapt ass. Fir Kanner, Jugendlecher oder Erwuessener? Warscheinlech iergendeppes dotëscht.