
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Wat verstoppt sech déif ënnen am Ozean? Fakt ass, mir wëssen et 2023 nach ëmmer net well fir d’Mënschheet ass et bis haut net méiglech de ganze Mieresbuedem ze erfuerschen. Also ginn et eventuell déif am Mier Liewewiesen, déi besser do bleiwen, wou se sinn.
Ass et wierklech esou schlau, wann mir Mënschen iwwerall eis Nues mussen erastiechen? Nee…dat beweist eng Expeditioun vu Fuerscher op de Grond vum Mier. Hei gouf nämlech e neit Ökosystem entdeckt an do liewen al Urzäitwiesen, wéi de Risen-Hei Megalodon, déi iwwer eis Visitt alles anescht wéi frou sinn.
Wéi de Steven Spielberg 1975 de Film Jaws an de Kino bruecht huet, hat déi ganz Welt de Summer iwwer Doudesangscht fir an d’Mier ze goen. Gottseidank denkt een haut net méi esou… Obwuel stellt iech mol fir e Megalodon géif et wierklech ginn… Sou oder Sou ass Meg 2: The Trench e Blockbuster, bei deem ee säi Gehier soll ausschalten. Säi But ass ze entertainen, net méi an net manner. An och dëse Film lieft genee wéi säi Virgänger, virun allem vum Jason Statham an der Haaptroll.
De Film wäert seng Fans hunn, anerer wäerten éischter manner begeeschtert sinn. Ob de Blockbuster eppes fir iech ass oder net, hänkt virun allem dovunner of, ob iech d'Geschicht interesséiert an ob dir Fan vum Schauspiller sidd.