
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Gran Turismo gehéiert ouni Zweiwel zanter Joren zu den erfollegräichsten a bekanntste Rennspiller iwwerhaapt. Wat Gamer virun allem begeeschtert, ass, dass een d’Spill dacks net mat engem Kontroller, mee mat engem richtege Racing-Simulator doheem an den eegene véier Wänn zocke kann. Ma wat wier, wann aus dem Videospill bemol Realitéit gëtt?
Gran Turismo erzielt d’Geschicht vum Jann Mardenborough. Hien ass passionéierte Gamer a kritt duerch e Concours d’Méiglechkeet, säi Kënnen op der richteger Rennstreck ze beweisen, mee de Wee zu bis zum professionelle Pilot ass net just immens schwéier, ma och richteg geféierlech.
Du muss kee Racing-Fan si fir Gran Turismo gutt ze fannen, esou de Schauspiller David Harbour am Interview. Et ass éischter e Feel-Good-Film iwwer sportlech Héichleeschtungen an eng Underdog-Story. Donieft baséiert de Film op enger realer Geschicht a mat dobäi am Cast sinn och nach den Darren Barnet an den Orlando Bloom.