Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Eise Film vun der Woch kënnt mol eng Kéier nees aus dem Horror-Genre. De Produktiounsstudio Lionsgate, deen een ënnert duerch déi verschidde Saw-Filmer kennt, bréngt mat Cobweb säin neiste Blockbuster op de groussen Ecran.

D’Story ass op den éischte Bléck typesch Horror-Film! De klénge Peter héiert a senger Kummer mysteriéis an onheemlech Geräischer, déi aus der Mauer kommen. Et handelt sech hei, natierlech, ëm en düstert Geheimnis. Ma elo kennt den Twist! Dem Peter seng Eltere wësse wéi et schéngt Bescheed, wëllen déi ganz Saach awer onbedéngt vertuschen.

Ob en Horror-Film sech lount oder net, kann een am Viraus ëmmer relativ schlecht soen. Den Trailer ass bewosst esou gemaach, dass net ze vill verrode gëtt an och de Kritiker kann een an dësem Genre net ëmmer gleewen. Horror empfënnt nämlech all Persoun anescht. E puer Aspekter schwätzen awer fir de Film Cobweb. D’Produzente sinn déi nämmlecht wéi bei der Stephen King-Verfilmung IT an de Fakt, dass d’Eltere wéi et schéngt mol eng Kéier Bescheed wëssen, ass mol eng Kéier eng erfrëschend Ofwiesslung.