
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Dir erënnert Iech vläicht nach un Inception mam Leonardo DiCaprio aus dem Joer 2010? Bis haut weess ech net, wat am Film an der Realitéit, a wat am Dram geschitt ass. An frot mech net firwat, mee Inception ass mir direkt an de Kapp komm, wéi ech den Trailer zum neie Blockbuster Hypnotic gekuckt hunn.
Stellt Iech vir, dir hutt äre Kierper, äert Gehier an äert Behuelen net méi ënner Kontroll. E geféierleche Gangster hypnotiséiert Iech an zwéngt Iech Verbriechen ze begoen…Kléngt grujeleg a genee dat ass Thema am Film. Deem entgéintstelle muss sech den Detective Danny Rourke, gespillt vum Ben Affleck, deem seng Duechter emplus vun de Gangsteren entféiert gouf.
Hypnotic ass zwar net dem Ben Affleck säi beschte Film, ma trotzdeem e Mystery-Action-Thriller, deen een sech duerchaus kann ukucke goen. De Kritiker no hätt de Film zwar Null Inspiratioun an géif een éischter dozou bréngen, am Kino anzeschlofen. D'Meenunge vum Public si allerdéngs manner streng manner streng. Zwar wier de Film an d'Story absolutt virauszegesinn, Hypnotic géif awer Spaass maachen a wier voller Twists an Iwwerraschungen.