
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
Wéi wäit bass du bereet ze goe fir deng Famill, deng Frënn an deng Heemecht ze beschützen? Déi Fro stellt sech am neien Action-Blockbuster The Equalizer 3.
Den Ex-Optragskiller Robert McCall huet nach ëmmer Schwieregkeeten, sech mat senger Vergaangenheet an all senge schlëmmen Doten auserneenzesetzen. Trouscht an en Hauch vu Fridde fënnt hien a senger neier Heemecht Italien. Wéi awer bemol seng Kolleege vun der italieenescher Mafia menacéiert ginn, muss hien op e Neits op eege Fauscht fir Gerechtegkeet suergen.
Och am drëtten Deel vun The Equalizer gëtt de Robert McCall vum Oscar-Gewënner Denzel Washington verkierpert, deen alt erëm beweist, wéi gutt dës Roll bei hie passt. De Blockbuster ass DEN Action-Film vum Summer 2023. Eppes musst dir awer wëssen, de Film ass brutal… An wann ee kuckt, wéi de Robert McCall heiansdo mat senge Géigner ëmgeet, stellt een sech vläicht e puer mol d’Fro, wien hei eigentlech de Béisewiicht ass. Et erënnert liicht un The Punisher vu Marvel. Trotzdeem faszinéiert mech ëmmer nees de Charakter vum Robert McCall. Zwar brutal a kalbliddeg, mee awer och sentimental an déifgrënneg.