
© YouTube/Screenshot
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Kelly säi Film vun der Woch.
Stellt iech vir dir kënnt net méi ënnerscheede wat Dram oder Realitéit ass. Genee esou geet et dem Estelle am franséische Psychothriller Visions.
Eng Pilotin dat u sech ee perfekt Liewe mat sengem Mann huet, huet nach keng Anung wat op hatt duerkënnt. Nodeems d'Estelle der Fotografin Ana um Flughafe vun Nice begéint, fänkt alles u ganz komesch ze ginn. Déi Zwee kenne sech méi laang an hate scho virun 20 Joer eng Affär mateneen. Schonn deemools soll d'Ana dem Estelle säi Liewe komplett op de Kapp gestallt hunn. Net laang no hirem Treffe fänken d'Albdreem un an d'Estelle kann net méi wierklech tëschent Dram a Realitéit ënnerscheeden.
D'Haaptrolle gi vun der däitscher Schauspillerin Diane Kruger an dem franséische Schauspiller Mathieu Kassovitz verkierpert. Visions ass ee Film mat Drama, Spannung a Psychospillecher - et wäert engem am Kino also definitiv net langweileg ginn.