
© Youtube
Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.
2018 ass The Nun an de Kino komm. Et ass ee vun den erfollegräichsten Horrorfilmer aus de leschte Joren an elo kënnt endlech d’Fortsetzung op de groussen Ecran. The Nun 2, de mëttlerweil 9ten Deel vun der Conjuring-Franchise.
E mysteriéise Mord… grujeleg Phänomener… an eng dämonesch Präsenz… No den Evenementer aus dem éischten Deel ass den Dämon Valak nees zréck. Déi düster Nonn dreift dës Kéier an enger Klouschter-Schoul säin Onwiesen an hier entgéintstelle muss sech op e Neits d’Schwëster Irène.
The Nun 2 ass de mëttlerweil 9ten Deel vun der Conjuring-Franchise an och ee vun deene beschten, do sinn d’Kritiker sech eens. Wann ech déi verschidde Stëmmen esou liesen, léisst sech Folgendes resuméieren. The Nun 2 ass zwar net den originellsten a beschten Horror-Film iwwerhaapt, dofir awer wäitaus besser an nach méi grujeleg wéi den éischten Deel.
Mee wéi esou dacks, kann ee Kritiker ni esou ganz gleewen, virun allem an dësem Genre. Horror empfënnt Jidderee vu eis nämlech anescht. Wien Fan vun Annabelle, Conjuring a Co. ass, wäert mat The Nun 2 awer warscheinlech seng Freed hunn.