Dir wëllt wëssen wéi ee Film sech dës Woch ganz besonnesch lount? Da liest hei alles iwwer dem Massimo säi Film vun der Woch.

Wann ech un de Liam Neeson denken, kënnt mir automatesch folgend Zitat aus dem Film Taken an de Kapp:  I will not look for you. I will not pursue you. But if you don't, I will look for you, I will find you, and I will kill you. Trotz senge mëttlerweil 71 Joer ass de Schauspiller virun allem wéinst sengen Action/Blockbuster bekannt an déi neiste Produktioun heescht Retribution.

En erfollegräiche Geschäftsmann ass moies ënnerwee fir seng Kanner an d’Schoul ze brénge, bis e mysteriéisen Telefon d’Liewe vu senger Famill fir ëmmerverännert. A sengem Auto si Bomme placéiert, déi explodéiere, wann hien net genee dat mécht, wat déi onbekannt Stëmm um Telefon vun him verlaangt.

Retribution ereecht op grousse Kritikerplattforme just e Rating vun 3,3 Punkten. De Grond fir dës schlecht Bewäertung ass relativ einfach. Dat huet een alles schonn honnert Mol gesinn. E Gangster entféiert dem Held seng Famill an dee geréit iergendwann selwer an d’Viséier vun der Police. Wéi et wieder, respektiv ausgeet, brauch ech iech op dëser Plaz net ze soen.

Retribution kann ee kucken, muss een awer net. Et ass en typesche Liam Neeson-Thriller a wie Fan vu sengen anere Filmer ass, wäert hei wuel och op seng Käschte kommen.