1992 ass de Film an Däitschland séier zu engem Kultfilm ginn. Ma d'Fortsetzung steet an de Startlächer.

Manta Manta war de Startschoss fir d’Schauspillkarriär vum Till Schweiger a genau dee Film soll eng Fortsetzung kréien. An der Haaptroll wär natierlech nees den Till. Op Instagram huet de Schauspiller nämlech eng Foto vu sech a senger Crew gepost an zwar mam Text: Geht Los!! Leseprobe für Manta Manta 2.
Niewent dem Till wäerten dann och seng Duechteren Emma a Luna am Film ze gesi sinn.

D'Dréiaarbechte wäerten hei mëtt Juni bis ufanks September daueren an als Dréiplaze gouf de Kreis Höxter, Mettmann, Dormagen, Dortmund a Köln genannt.