
© ERIC GAILLARD / POOL / AFP
Den Johnny Depp wäert fir déi éischte Kéier zënter ganzer 25 Joer Regisseur vun engem Film sinn.
Keen anere wéi de legendäre Schauspiller Al Pacino wäert als Produzent dobäi sinn. De Film huet och schonn en Numm: Beim "Modigliani" handelt et sech ëm e biografeschen Drama iwwer den italienesche Kënschtler Amedeo Modigliani. D’Geschicht vum Film fënnt zu Paräis am Joer 1916 statt. De Kënschtler huet seng eege Karriär ganz laang als Mësserfolleg ugesinn.
1997 hat den Johnny Depp fir déi éischt Kéier d’Regie vum Film "The Brave" iwwerholl. Dëse gouf awer als grousse Flopp beschriwwen.