De Snoop Dogg huet déi lescht Joerzéngten definitiv d'Hip-Hop Zeen gepräägt. Elo soll et dann och ee Film iwwert säi Liewen entstoen.

De Snoop Dogg gehéiert mat Sécherheet zu deene bekanntste Rapper aus dene leschte Joerzéngten. Mat Lidder wéi "Drop It Like It's Hot", "Young, Wild & Free" oder "Still D.R.E" zesumme mam Dr. Dre ass hie weltbekannt ginn.

Och säi legendären Optrëtt wärend der Halbzeit vum Superbowl huet der Welt nach eng Kéier gewise wisou hien nach ëmmer ganz uewe matspillt.

Fir dem Snoop Dogg säi Liewen ze verzielen, soll dann och ee Film iwwer hien erauskommen. Wéini de Film fäerdeg wäert sinn a wou en ze gesinn ass ass awer nach net released ginn. Hei gëtt dann eventuell och d'Fro iwwert dem Snoop Dogg säi Cannabis Konsum gekläert ginn.