
© Michael Tran / AFP
Wien iwwerhëlt dann elo nom Daniel Craig d'Roll vum Spioun mat der Nummer 007? Ëmmer méi Nimm, déi eng méiglech Neibesetzung kéinte sinn, falen.
Et bleift weider spannend, wien als nächsten d'Roll vum James Bond dierf spillen. Elo gëtt et nees een neie Kandidat, nämlech de Schauspiller Aaron Taylor-Johnson. De Britt gehéiert anscheinend zu de Favoritte fir d'Roll, sou déi brittesch Boulevard-Zäitschrëft "Sun". Hie soll bei engem geheimen Test d'Bond-Produzentin Barbara Broccoli iwwerzeegt hunn. De Schauspiller huet ënner anerem bei Filmer wéi Bullet Train a Kick-Ass matgewierkt.
Rumeuren no stinn awer och den Tom Hardy, James Norton an den Idris Elba zur Auswal. Och ginn den Henry Cavill an de René-Jean Page ëmmer nees genannt.
Dréiaarbechte fir de neie Bond-Film sollen awer eréischt an zwee Joer ufänken. Dat heescht d'Fans mussen sech also nach e bëssi gedëllegen a kënne weider rätsele wien dann d'Roll ka kréien.