
Fans vun Avatar an dem James Cameron dierfen sech an de nächste Joren op weider Geschichten vu Pandora freeën.
Avatar - The Way of Water dominéiert zanter Méint sämtlech News aus der Welt vum Kino. De 15ten Dezember ass de Film no 13 Joer Waardezäit an de Kino komm a steet zanterhier ongeschloen un der Spëtzt vun de Kinocharts hei zu Lëtzebuerg. Op de Film awer genee esouvill Succès wäert hunn wéi säi Virgänger bleift weiderhin ofzewaarden. Ëmmerhin ass den Original aus dem Joer 2009 bis haut den erfollegräichste Film vun allen Zäiten.
Gewosst ass och, dass no The Way of Water nach laang net Schluss ass. De Regisseur James Cameron huet en drëtten Deel scho quasi fäerdeg. Dësen befënnt sech aktuell nach an der Postproduktioun. Wéi et dono weidergeet, hänkt vum Succès vun The Way of Water of. Sollt de Film floppen, gëtt den drëtten Deel esou ëmgeschriwwen, dass d'Geschicht op en Enn geet. Spillt de Film allerdéngs genuch Suen an, kënnt och e véierten a fënneften Deel eraus. T'Dréibicher wieren a béide Fäll och scho fäerdeg.
Elo huet da keen anere wéi de Regisseur James Cameron selwer gréng Luucht fir t'Zukunft ginn. 600 Milliounen Dollar huet Avatar - The Way of Water kascht. 1,8 Milliarden Dollar ass dann de But an d'Konditioun fir weider Fortsetzungen. An vue dass de Film aktuell bei 1,5 Milliarden Dollar Ëmsaz läit, léisst déi magesch Zuel also warscheinlech net méi laang op sech waarden.
E klenge Preview gouf et vum Regisseur dann och nach mat op de Wee. An de nächsten Deeler kréie mir weider Stämm vun de Na'vi ze gesinn, déi awer warscheinlech éischter manner frëndlech drop stinn a fir d'Elementer Feier a Loft stinn.
Zu gudder Lescht nach eng Kéier d'Recommandatioun vun eiser Säit :
Gitt The Way of Water an de Kino kucken esoulaang dir nach d'Geleeënheet dozou hutt. Och wann t'Durée vun iwwer 3 Stonne duerchaus kann ofschrécken, de Film lount sech an allen Hisiichten.