Den Harry Styles ass mëttlerweil net méi nëmme Museker, mee och e renomméierte Schauspiller. A seng Roll an "Eternals" huet Zukunft!

"As It Was" war ee vun deene gréissten Hits vum Joer 2022. Och als Schauspiller ass den Harry Styles mëttlerweil awer richteg erfollegräich. 2017 huet hie säin Debut am Krichs-Drama "Dunkirk" gefeiert. Duerno hat hien e Mini-Optrëtt am Marvel-Film "Eternals" an d'lescht Joer zwou grouss Rollen an "Don't Worry Darling" a "My Policeman".

Elo huet sech den Nate Moore - en déckt Déier bei Marvel an ënnert anerem Produzent vu "Black Panther: Wakanda Forever" - am Podcast "Deadline Crew Call Podcast" zum Harry Styles senger Roll als "Starfox alias Eros" geäussert. Deemno hätt een de Britt net nëmme fir dee klengen Optrëtt gecasted an et géifen nach esou vill méi Geschichte ginn, déi ee mat der Figur erziele kéint. Wuertwiertlech ass am Interview follgend Ausso gefall: "Eros alias Starfox ass e komplizéierten, mee e wierklech lëschtege Charakter. Nodeems ech den Harry Styles kennegeléiert hunn, denken ech, dass et keng Grenzen dofir ginn, wéi gutt dëse Charakter gëtt, wa mir en zeréckbréngen."

E Retour vum Harry Styles an d'Marvel-Universum schéngt deemno sécher! Wéini "Eternals 2" produzéiert gëtt a wéi grouss dem Harry Styles seng Roll gëtt, steet nach an de berüümte Stären. Mee den Harry Styles als Marvel-Superheld kléngt scho cool - de Soundtrack kéint hie jo dann am Fong direkt mat produzéieren!