
© Youtube
Wärend den 13. Mäerz zu Los Angeles bei den Oscars déi beschte Filmer geéiert ginn, ass et um Virowend bei de Razzies éischter de Contraire.
Déi Gëllen Hammbier, och nach Razzies genannt, gëtt traditionell um Virowend vun den Oscars verdeelt. Geéiert ginn hei déi schlëmmste Filmer, Schauspiller a Regisseuren aus dem leschte Joer. Well och an der Filmbranche gëllt de Sproch, dass op eppes Guddes och meeschtens relativ vill Schlechtes suivéiert.
Mat ganzer 8 Nominéierungen huet de Netflix-Film Blonde gutt Chancen, den schlechtste Film vum Joer 2022 ze ginn. Et ass e Biopic vum Marilyn Monroe bei deem de Public de Film esouguer méi schlëmm fonnt huet wéi d'Kritiker. An dat ass eng absolut Ausnam an der Filmbranche.
Kuerz dohannert, also vläicht genee esou schlecht, ass d'Komedie Good Mourning, déi op engem Groussdeel vun de Kritiker-Plattformen 0% ereecht huet.
De schlëmmste Film aus dem Joer 2022 war fir d'Eldo Kino-Redaktioun awer ganz kloer Morbius. Hei huet den Jared Leto alt erëm bewisen, wat hien fir e schlechte Schauspiller ass. Et wier och net den éischte Razzie, deen hien a senger Karriär géif gewannen.
Iwwerraschend ass och den Tom Hanks 3 Mol fir déi Gëllen Hammbier nominéiert. An dat obwuel hien doheem éischter Oscars am Schaf stoen huet. D'Neiverfilmung vum Disney-Klassiker Pinocchio ass allerdéngs beim Public duerchgefall. Also och seng Verkierperung vum Charakter Geppetto.
Hei fannt dir déi komplett Lëscht vun de Nominéierungen :
WORST PICTURE
Blonde
Disney’s Pinocchio
Good Mourning
The King’s Daughter
Morbius
WORST ACTOR
Colson Baker (aka Machine Gun Kelly) Good Mourning
Pete Davidson (Voice Only) Marmaduke
Tom Hanks (As Gepetto) Disney’s Pinocchio
Jared Leto / Morbius
Sylvester Stallone / Samaritan
WORST ACTRESS
Ryan Kiera Armstrong / Firestarter
Bryce Dallas Howard / Jurassic Park: Dominion
Diane Keaton / Mack & Rita
Kaya Scodelario / The King’s Daughter
Alicia Silverstone / The Requin
WORST REMAKE/RIP-OFF/SEQUEL
Blonde
BOTH 365 Days Sequels – 365 Days: This Day
& The Next 365 Days [a Razzie BOGO]
Disney’s Pinocchio
Firestarter
Jurassic World: Dominion
WORST SUPPORTING ACTRESS
Adria Arjona / Morbius
Lorraine Bracco (Voice Only) Disney’s Pinocchio
Penelope Cruz / The 355
Bingbing Fan / The 355 & The King’s Daughter
Mira Sorvino / Lamborghini: The Man Behind the Legend
WORST SUPPORTING ACTOR
Pete Davidson (Cameo Role) Good Mourning
Tom Hanks / Elvis
Xavier Samuel / Blonde
Mod Sun / Good Mourning
Evan Williams / Blonde
WORST SCREEN COUPLE
Colson Baker (aka Machine Gun Kelly) & Mod Sun / Good Mourning
Both Real Life Characters in the Fallacious White House Bedroom Scene / Blonde
Tom Hanks & His Latex-Laden Face (and Ludicrous Accent) ELVIS
Andrew Dominik & His Issues with Women / Blonde
The Two 365 Days Sequels (both Released in 2022)
WORST DIRECTOR
Judd Apatow / The Bubble
Colson Baker (aka Machine Gun Kelly) & Mod Sun / Good Mourning
Andrew Dominik / Blonde
Daniel Espinosa / Morbius
Robert Zemeckis / Disney’s Pinocchio
WORST SCREENPLAY
Blonde / Written for the Screen by Andrew Dominik,
Adapted from the “Bio-Novel” by Joyce Carol Oates
Disney’s Pinocchio / Screenplay by Robert Zemeckis & Chris Weitz
(Not Authorized by the Estate of Carlo Collodi)
Good Mourning / "Written" by Machine Gun Kelly & Mod Sun
Jurassic World: Dominion / Screenplay by Emily Carmichael
& Colin Treverrow,Story by Treverrow & Derek Connolly
Morbius / Screen Story and Screenplay by Matt Sazama & Burk Sharpless