
© Youtube
Bei den Oscars ass dëst Joer eng lëtzebuerger Produktioun nominéiert. Mir haten an der Morningshow ee vun de Schauspiller am Interview.
Den 13. Mäerz ginn zu Los Angeles erëm d'Oscars verdeelt. Déi sougenannten Academy-Awards sinn de wichtegste Präis an der Filmbranche. Deementspriechend war d'Iwwerraschung grouss, wéi d'Nouvelle koum, dass 2023 och e lëtzebuerger Film nominéiert ass.
De Film The Red Suitcase gouf integral um Findel gedréint an ass esouwuel vun engem lëtzebuerger Regisseur, wéi och Produzent, dem Cyrus Neshvad erstallt ginn. The Red Suitcase ass nominéiert an der Kategorie Best Live Action Short Film.
Mir haten d'Anne Klein exklusiv am Interview. Hatt ass Schauspillerin an huet am Film matgewierkt.