
Avatar 2 huet op der ganzer Welt sämtlech Erwaardungen iwwertraff an och de Lëtzebuerger Public an de leschte Wochen begeeschtert.
Avatar - The Way of Water huet am Laf vun de leschte Woche bewisen, dass de Planéit Pandora an de Regisseur James Cameron nach ëmmer Garantie fir en exzellente Blockbuster sinn. De Film huet aktuell iwwer 2 Milliarden Dollar op der ganzer Welt agespillt.
Wéi Kinepolis haut an engem Communiqué matgedeelt huet, sinn och hei zu Lëtzebuerg bis ewell 65.000 Leit de Film an de Kino kucke gaangen. Dat ass net just nationale Rekord ma Avatar 2 ass domadder aktuell och offiziell den erfollegräichste Film aus de leschte Joren hei zu Lëtzebuerg. D'Spëtzepositioun gouf bis ewell vun der Neiverfilmung vum Disney-Klassiker The Lion King aus dem Joer 2019 gehalen.
Avatar 2 steet aktuell op der Plaz 6 vun den erfollegräichste Filmer vun allen Zäiten. Experte ginn dovunner aus, dass de Film am Laf vun de nächste Wochen nach Avengers: Infinity War a Star Wars: The Force Awakens wäert iwwerhuelen. Domadder géif sech de Film op Positioun 4 placéieren.
Mat Avatar 1, Avatar 2 an Titanic hätt den Regisseur James Cameron domadder 4 Placéierungen an der Top 5 vun den erfollegräichste Filmer.