
De Will Smith an de Martin Lawrence kommen alt erëm als Poliziste vu Miami zréck.
17 Joer nom leschten Deel ass 2020 Bad Boys For Life an de Kino komm. Am drëtten Deel hunn de Will Smith an de Martin Lawrence alt erëm bewisen, dass si nach ëmmer als knallhaart Polizisten iwwerzeege kënnen.
De Mike Lowrey an de Marcus Burnett sinn zwee Poliziste vu Miami, déi schonn ëmmer eng Haass-Léift-Bezéiung gefouert hunn. Mat de Joren hu si sech ëmmer manner ze soen. Virun allem well de Marcus lues awer sécher un d‘Pensioun denkt, de Mike awer och weiderhin e Liewen als Supercop wëll féieren. Wéinst dëser Astellung geréit hien enges Daags an d’Viséiert vun engem Attentäter a béid Poliziste mussen op e Neits zesummeschaffen. Dat war d'Story vum leschten Deel.
Bad Boys mam Will Smith a Martin Lawrence war ni en typesche Budy-Cop-Film. Ma d’Mëschung aus Emotioun, Witz an Action hat och am leschten Deel funktionéiert. De Film lieft vun der Verbindung, déi ee mat den zwee Polizisten opbaut. D’Thema, dass ee lues a lues ze al fir verschidde Saache gëtt, verstäerkt d’Perséinlechkeet vum Film ëmsou méi. Bad Boys For Life huet esouwuel bei de Kritiker, wéi och beim Public op ganzer Längt iwwerzeegt.
Amfong huet et 2020 One Last Time geheescht...
Béid Schauspiller schéngen awer nach net un d'Pensioun ze denken. Nom grousse Succès war e véierten Deel eigentlech ze erwaarden ma wéinst Covid an dem Oscar-Skandal vum Will Smith, hu weider News a leschter Zäit op sech waarde gelooss. Elo hu béid Buddies awer offiziell eng Fortsetung ugekënnegt.
Bad Boys 4 wäert an de Kino kommen. Als Regisseur ass ee beim Adil El Arbi an dem Bilall Fallah bliwwen, déi och scho fir den drëtten Deel responsabel waren. Wéini de Film soll erauskommen, ass aktuell nach net gewosst.