
© Carl DE SOUZA / AFP
Dem King of Pop säi Liewen soll verfilmt ginn.
Bohemian Rhapsody huet et virgemaach a Jiddereen zitt no. Biopics sinn an de leschte Jore voll am Trend. Déi eng si schlecht wéi de rezente Film Blonde iwwer d’Marilyn Monroe. Anerer si gutt, wéi zum Beispill Rocketman iwwer den Elton John, I Wanna Dance With Somebody iwwer d’Whitney Houston an natierlech de rezenten Elvis-Film, deen elo am Mäerz aacht Mol fir en Oscar nominéiert ass.
Nodeems e Biopic iwwer d’Madonna rezent annuléiert gouf, gouf elo een iwwer de Michael Jackson ugekënnegt a confirméiert. Behandelt gëtt dem King of Pop säi ganzt Liewen an e Schauspiller gouf dann och scho fonnt an dat ass keen anere wéi dem Michael Jackson säin Neveu Jafaar Jackson.
Wéini de Film soll erauskommen, ass awer aktuell nach net gewosst.