No 15 Joer stinn zwee vun den erfollegräichste Schauspiller iwwerhaapt nees zesumme virun der Kamera.

Den George Clooney an de Brad Pitt...
Allen zwee waren se Sexiest Man Alive, hunn zwee Oscare gewonnen, si bescht Kolleegen an zielen ouni Zweiwel zu den erfollegräichsten a bekanntste Schauspiller eiser Zäit.

An der Vergaangenheet ass et schonn e puer Mol virkomm, dass béid Schauspiller zesumme virun der Kamera stoungen. Ënnert anerem bei de Filmer Touch Of Evil, Burn After Reading oder och bei der Ocean’s Trilogioe.

No 15 Joer schaffen se elo endlech nees zesummen un engem Film, an zwar um Thriller Wolves vum Spider Man Regisseur Jon Watts. Aktuell ass iwwer d’Apple TV+ Produktioun relativ awer wéineg gewosst. Et erënnert vun der Story hier awer liicht u Mr. and Mrs. Smith. Béid Schauspiller verkierperen nämlech zwee Eenzelkämpfer, déi bemol de selwechten Opdrag kréien.