
© Robyn Beck / AFP
Wéi et heescht, hätt Disney Plus Milliounen Abonnente verluer.
No villen aneren Tech-Entreprisen entléisst elo och Disney vill Mataarbechter. Wéi et heescht, wäerte 7.000 Aarbechtsplaze gestrach ginn, dat trotz engem Milliarde-Gewënn. De Grond wier ënnert anerem, dass de Streaming-Déngscht Disney Plus, deen et zënter 2019 gëtt, no engem séiere Wuesstem Milliounen Abonnente verluer huet.