
© Youtube
Dës Woch huet de Bob Iger ugekënnegt, wat bei Disney an de nächste Joren um Programm steet.
Disney schéngt am Moment trotz Milliarde-Gewënn an der Kris ze sinn.
Disney wëll an de nächste Méint 7.000 Mataarbechter entloossen.
Sou verléiert Disneyland zum Beispill zanter Jore Benefice, woubäi Corona dorunner natierlech net onschëlleg ass. Fir dësem Problem entgéintzewierken, plangt een an de verschidde Parken weltwäit nei Attraktiounen, déi un den Avatar-Franchise ugehaucht sinn.
Eis interesséiert awer virun allem de Beräich vun der Filmer.
Wat Disney+ ugeet, wäert Disney virun allem op nei an eegestänneg Produktioune setzen. Leit an de Kino lackelen sollen dann déi albekannten a weltwäit beléifte Franchisen. Sou gouf zum Beispill rezent vum Bob Iger Toy Story 5, Frozen 3 an Zoomania 2 ugekënnegt. Hei geet Disney ganz kloer op Nummer sécher. Bei esou Filmer ass et nämlech scho quasi garantéiert, dass genuch Leit an de Kino ginn, fir dass et sech fir d’Entreprise lount.
Dat heescht also, dass een als Disney-Fan an de nächste Joren esouwuel am Kino wéi och op Disney+ op seng Käschte kënnt, mat enger Mëschung aus neie Produktiounen an albekannte Gesiichter.