Den 31te Mäerz kënne mir eis op e neie Spionagethriller mam Taron Egerton freeën.

Lauschtert hei de Reportage

1984 huet de russesche Programméierer Alexei Paschitnow fir eng Revolutioun um Gaming-Marché gesuergt. Hien ass nämlech den Erfinder vum Spill Tetris. E Videospill-Klassiker, deen sech bis haut 500 Millioune Mol verkaaft huet. An d’Geschicht wéi et zu dësem Succès komm ass, gouf elo verfilmt.

Tetris ass awer keen Animatiounsfilm. Zwar goufen et Pläng dofir, ma déi goufen, ganz zu eiser Freed, iwwer Bord gehäit. Amplaz huet een sech fir e spannenden Thriller decidéiert. Et ass d’Geschicht vum Henk Rogers. Hien ass Videospillverkeefer an entdeckt d’Spill Tetris souwéi säi grousse Potenzial. Ma fir Tetris op den amerikanesche Marché ze bréngen, gëllt et sech d’Rechter dofir ze sécheren. Ma wärend dem kale Krich gesäit d’Sowjetunioun et natierlech guer net gäre wann iergendeen Amerikaner probéiert, mat enger russescher Iddi Profit ze maachen.

An der Haaptroll steet den Taron Egerton, deen een aus de Kingsman-Filmer oder aus dem Elton John Biopic Rocketman kennt. Vun deem wat mir bis ewell gesinn hunn, gesäit Tetris richteg villverspriechend aus. Op de Film d’Erwaardunge kann erfëllen, gi mir den 31te Mäerz gewuer.