
© AFP/ISABEL INFANTES
Do ass wuel een e grousse Fan vum Film!
Den James Cameron ass dofir bekannt déi erfollegräichste Filmer aller Zäiten ze dréinen. Och den zweeten Deel vun Avatar si Millioune Mënsche kucke gaangen. Ma een Hollänner huet den "Avatar 2: The Way Of Water" esou dacks gekuckt, datt et souguer den James Cameron net gleewe kann.
Net manner wéi 100 mol ass een Hollänner Avatar 2 kucke gaangen. Bis zum Weltrekord ass et trotzdeem nach ee wäite Wee.
De Rick Pratijé krut souguer vun enger Kino-Chaîne feierlech een Diplom iwwerreecht, well hien eleng den éischte Mount nom Kinostart de Film am Kino well 50 mol gesinn huet. Rekordverdächteg ass et awer net, 2022 huet een Amerikaner de Spiderman Film "No Way Home" 292 mol am Kino gekuckt.
De Pratjé säin Zil ass et awer net de Rekord ze briechen. Hien ass einfach nëmme sou vum Film begeeschtert, dass hien de Film all Dag eng zweemol an de Kino kucke geet, esou heescht et.