
© Youtube
Nodeems rezent eréischt The Rings of Power erauskomm ass, huet Warner Bros. elo weider Filmer aus der bekannter Franchise confirméiert.
The Lord of the Rings zielt bis haut zu den erfollegräichste Fantasy-Franchisë vun allen Zäiten. Déi dräi Filmer waren zesummen 30x fir den Oscar nominéiert an hu ronn 3 Milliarden Dollar op der ganzer Welt agespillt. Et war also net verwonnerlech, wéi de Franchise ëm eng wieder Trilogie erweidert gouf, déi de Numm The Hobbit gedroen huet.
Dono war et laang roueg, bis Amazon Prime Video lescht Joer The Rings of Power erausbruecht huet. Et war déi bis ewell deierste Serie iwwerhaapt an am Laf vun de nächste Jore sollen nach eng Rëtsch Staffelen erauskommen.
Ma esou richtegen Nostalgie-Feeling konnt d’Serie net bidden. Kee Wonner, Amazon huet nämlech keng Rechter un The Lord of the Rings gehat. Zwar dierft een duerchaus vu Mittelerde schwätzen, ma Personnagë wéi Gandalf, Aragorn a Co. waren tabu. D’Rechter dofir leien nämlech bei Warner Bros.
Beim Produktiounsstudio ass dann elo déi grouss Bomm geplatzt. Warner Bros. huet nämlech weider Herr der Ringe Filmer confirméiert. Och wann bis ewell keng Detailer bekannt sinn, huet een annoncéiert, d’Nostalgie vun den ale Filmer ze respektéieren an duerchaus och op Elementer dorausser anzegoen.
Wéi och scho bei The Rings of Power, huet den J.R.R. Tolkien deemools eng Welt erschaf, déi wäitaus méi ze bidden huet wéi dat, wat een aus der Original-Trilogie kennt. An do wéilt een eis mat op Entdeckungstour huelen.