Aktuell weisen sech an der Filmbranche verschidde Leit un engem Comeback vum Original-Cast duerchaus interesséiert.

Pirates of the Caribbean ass bis haut absolutte Kult, virun allem natierlech wéinst dem Captain Jack Sparrow. Ma et muss een sech agestoen, en Held ass just esou gutt wéi seng Sidekicks an do hunn den Orlando Bloom an d’Keira Knightley wierklech exzellent Aarbecht geleescht.

Den Orlando Bloom huet sech da rezent dozou geäussert, dass hien duerchaus Interessi dorunner hätt, de Will Turner nach eng Kéier ze verkierperen. Et wier bestëmmt cool erauszefannen, wéi sech seng Figur an all deene Joren entwéckelt hätt. Hien huet dobäi virun allem vu sengem Comeback als Legolas geschwäermt a wéi vill Spaass et gemaach hätt, 10 Joer no The Lord of the Rings erëm bei The Hobbit matzewierken.

Ma wéi et aktuell bei Pirates of the Caribbean 6 ausgesäit, dat weess keen esou wierklech. Geplangt war jo eng Neioplo mam Margot Robbie, déi awer aktuell schonn erëm iwwer Bord gehäit gouf. An och e Comeback vum Johnny Depp war laang ausser Fro. Ëmmerhin huet sech Disney wéinst dem Skandalprozess mat senger Ex-Fra Amber Heard ganz kloer vum Schauspiller distanzéiert.

Ma de Responsabele vun der Francise Jerry Bruckheimer huet sech elo an engem Interview dozou geäussert. Dem Johnny Depp säi Ruff wäert am Laf vun de Joren erëm hiergestallt ginn an da géif hie perséinlech e Comeback ganz gäre gesinn.

Also bis ewell nach ëmmer Näischt Konkretes, mee cool ze héieren, dass sech net just Fans iwwer e Comeback vum Original-Cast géife freeën.