
© Youtube
Chantal...Heul leise!
Déi meescht vun iech erënneren sech bestëmmt nach u Fack ju Göhte. Et war d'Geschicht vum Fake-Schoulmeeschter Zeki Müller, deen et mat enger absolutter Chaos-Klass ze di kritt. Iwwer 20 Millioune Leit hunn déi 3 Filmer eleng am Kino gesinn.
De 9ten Mäerz gouf et fir Fans 6 Joer nom leschten Deel op enger Pressekonferenz déi grouss Iwwerraschung. An de nächste Jore soll e Spin-Off erauskommen, dee sech mam Jella Haase sengem Charakter Chantal beschäftegt. Chantal im Märchenland soll de Film heeschen an e liichte Fantasy-Twist hunn. Donieft soll och den Elyas M'Barek e Gaaschtoptrëtt kréien.
Hei den offizielle Resumé vun der Story:
Chantal wird ungewollt in eine Märchenwelt transportiert, räumt mit reaktionären Märchenklischees auf, kämpft gegen Hexen und tyrannische Könige – und vor allem für ihre Freundschaft zu Zeynep.
Wéini de Film erauskënnt, ass bis elo nach net gewosst.