Rezent huet den Action-Film seng Première gefeiert. Elo hunn déi Kriticken dierfe publizéiert ginn.

Den 22. Mäerz kënnt hei zu Lëtzebuerg den Actionfilm John Wick 4 mam Keanu Reeves an de Kino. Vue, dass schonn déi éischt dräi Filmer en enorme Succès gefeiert hunn, hoffen d'Fans, dass dësen Deel nach eng Schëpp wäert dropleeën. Et erwaart een sech e Meeschterwierk an d'Erwaardunge gi wéi et schéngt méi wéi erfëllt.

Wéi Variety mellt, konnt de Film no senger Première zu London op ganzer Längt iwwerzeegen an d'Kriticken, déi elo endlech publizéiert goufen, bestätegen dës Ausso.

John Wick 4 soll wéi et schéngt seng Virgänger wäit hannert sech loossen an ouni Zweiwel de beschten Deel vun der Franchise sinn. Verschidde Kritiker schwätzen esouguer vun engem vun de beschten Actionfilmer, déi jeemools erauskomm sinn. Rezent Filmer wéi Avatar oder Babylon hunn sech mat Amenter laang a langweileg ugefillt. Bei John Wick 4 wieren déi bal 3 Stonnen awer absolutt verdéngt an de Film géif sech zu kengem Ament ustrengend ufillen.