Zanter Wochen gouf am Internet behapt, den Taron Egerton hätt d'Roll vum James Bond kritt.

Zanter Méint a Méint stellt een sech mëttlerweil d’Fro: Wien gëtt de neie 007? Wien wäert de siwente James Bond Schauspiller ginn? Fest steet, et gëtt eng schwéier Aufgab, ass den Daniel Craig verschidden Ëmfroen no, ëmmerhin den zweet-beléiftste Bond-Schauspiller iwwerhapt. Leider wësse mir op dës Fro aktuell nach ëmmer keng Äntwert.

Fest steet awer: Den James Bond wäert weder elo, nach an Zukunft eng Fra sinn. Dës Roll wäert fir e Mann reservéiert sinn. Awer wëll een och bei der James Bond Franchise mat der Zäit goen, an dem 007 verschidde staark weiblech Charakter un d’Säit stellen.

Rumeuren iwwer e neie Schauspiller goufen et der vill. Alleguer hunn se sech als falsch erausgestallt. An am Allgemengen ass de Casting fir de neie Bond ze ginn, relativ speziell, fir net ze soen immens schwéier. Esouguer wann een d’Schauspill-Tester an de Schéiss souwéi Stunt-Training packt, kann een nach ëmmer am leschten Ament gekickt ginn. Well och wann de Regisseur, de Studio an d’Produzenten sech eens sinn, dat lescht Wuert huet nach ëmmer d’Broccoli-Famill, déi d’Rechter um Franchise besëtzt.

An de leschte Wochen huet sech am Internet d'Gerücht gehalen, dass den Taron Egerton als Nofollger erausgewielt gouf. Dësen huet dat Ganzt awer elo an engem Interview dementéiert:

Ech sinn net de neien James Bond. Mäi Numm stoung ni zur Diskussioun an ech sinn och ni op e Gespréich zu dësem Thema invitéiert ginn. Menger Meenung no ass t'Decisioun scho laang getraff. Et ass ee bis ewell just nach net prett, domadder un d'Ëffentlechkeet ze goen.