Den Tom Hanks krut souguer 2 "Gëllen Hammbieren" iwwerreecht.

An den USA stinn déi schlechtste Filmer fir dëst Joer fest. Den Negativ-Präis Gëllen Hammbier oder och nach Razzies genannt gëtt ëmmer virun den Oscars verginn. Direkt 2 Präisser krut den Tom Hanks. Eemol fir säin Optrëtt am Film "Elvis" als schlechtsten Niewen-Duersteller an als Deel vun der schlechtster Koppel an engem Film.

Den Anti-Oscar an der Kategorie schlechtste Schauspiller krut dann den Jared Leto fir de Superhelde-Film Morbius.

Eng Hammbier hunn sech d’Organisateuren dann och selwer verginn well si dëst Joer een 12-järegt Kand nominéiert hunn. Et gouf hefteg Kritik dofir sech iwwert ee Kand lëschteg ze maachen.

Hei alleguerten d'"Gewënner":

Worst Picture

“Blonde”

Worst Actor

Jared Leto – “Morbius”

Worst Actress

The Razzies for “Their 43rd Worst Actress Nominations Blunder”

Razzie Redeemer Award

Colin Farrell – “The Banshees of Inisherin”

Worst Supporting Actor

Tom Hanks – “Elvis”

Worst Supporting Actress

Adria Arjona – “Morbius”

Worst Screen Combo

Tom Hanks and His Latex-Laden Face (and That Ludicrous Accent) – “Elvis”

Worst Remake, Rip-Off or Sequel

“Disney’s Pinocchio”

Worst Director

Machine Gun Kelly (Colson Baker) and Mod Sun – “Good Mourning”

World Screenplay

“Blonde” – Andrew Dominik

Déi richteg Oscare ginn an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg verdeelt. Grousse Favorit ass de Film "Elvis".