Am Dolby Theatre zu Los Angeles souzen hënt och eng Rëtsch Lëtzebuerger. Dorënner och d'Anne Klein, dat eis Impressioune vun den Oscars geliwwert huet.

An der Nuecht vun e Sonnden op e Méinde gouf zu Los Angles fir déi 95. Kéier de wichtegste Präis an der Filmbranche verdeelt. Bei den Academy Awards war 2023 dann och eng Lëtzebuerger Produktioun nominéiert. De Film The Red Suitcase ass an der Kategorie Best Live Action Short Film un de Start gaangen.

Donieft waren och nach An Irish Goodbye, Ivalu, Le Pupille an Night Ride nominéiert.

Bei den Oscars ass et fir déi Lëtzebuerger Produktioun da leider net duergaangen. Den Award konnt An Irish Goodbye mat Heem huelen. Trotzdeem war et fir d'Schauspillerin Anne Klein eng eenzegaarteg Erfarung. Hat gouf als Nominéiert nämlech op Los Angeles invitéiert a konnt live am Dolby Theatre bei der Show dobäi sinn. Wat hatt alles op der Plaz erlieft huet, huet hatt dem Charel an der Morningshow live vu Los Angeles matgedeelt.

Lauschtert hei den Interview mam Anne Klein aus der Morningshow.