
© Youtube
De Schauspiller huet sech rezent an engem Interview zu senger Participatioun un de neien Herr der Ringe Filmer geäussert.
De 24te Februar gouf et relativ iwwerraschend News vu Warner Bros. An zwar huet de Produktiounsstudio fir d’Zukunft eng Rëtsch nei Herr der Ringe Filmer annoncéiert.
Hei fannt dir déi komplett News zu de neie Filmer.
Bis ewell wësse mir nach net ëm wat et an dëse Filmer konkret wäert goen. Allerdéngs huet sech den Andy Serkis elo zu Wuert gemellt. Hien huet an der Franchise de Gollum verkierpert an och wier net dogéint fir an Zukunft erëm a seng al Roll ze verkierperen a wieder Filmer ze realiséieren.
Fir hie wier et awer absolutt noutwenneg, dass ee fir dës Projeten erëm de Regisseur Peter Jackson an d’Dréibuchauteure Fran Walsh a Philippa Boyens abannen misst. Déi hunn hir Participatioun bis ewell awer weder confirméiert, nach denoncéiert.