
© Odd ANDERSEN / AFP
Aktuell sinn am Internet vill Rumoueren ënnerwee, déi de nächste Film vum Quentin Tarantino thematiséieren.
De Quentin Tarantino zielt zu den erfollegräichste Regisseuren eiser Zäit. 2019 ass säi bis ewell leschte Film Once Upon A Time In Hollywood an de Kino komm. Et war déi 9te Produktioun a senger Karriär a scho méi laang wësse mir, dass de Regisseur virun der Pensioun am Ganzen 10 Filmer dréine wëll.
Zanter 4 Joer froen sech elo d’Fans wat dësen 10ten a leschte Film wäert sinn an endlech schéngt sech dat Ganzt ze konkretiséieren. Anscheinend soll de Film The Movie Critic heeschen. En dréint sech ronderëm déi weiblech Filmkritikerin Pauline Kael, déi an de 1970er Joren zu Los Angeles geschafft huet an déi mat hirer Kriticke vill Filmschafender zur Verzweiwlung bruecht huet. Och de Quentin Tarantino sot, dass hien immens vun dëser Persoun influenzéiert gi wier.
Weider Detailer, respektiv eng offiziell Confirmatioun ginn et bis ewell awer nach net zu dësem Sujet.