Enn 2024 soll Avatar 3 an de Kino kommen. Elo ginn et éischt Detailer zu der Lafzäit vum Film.

De 14ten Dezember ass, 9 Joer nom éischten Deel, Avatar 2 The Way of Water an de Kino komm. De Film huet op der ganzer Welt en enorme Succès gefeiert an ass mat 2,3 Milliarden Dollar den drëtt-erfollegräichste Film vun allen Zäiten. Och hei zu Lëtzebuerg huet de Blockbuster iwwer 65.000 Leit an de Kino gelackelt. Kee Film huet hei zu Lëtzebuerg an de leschte Joren e méi grousse Succès gehat.

Dëse Succès ass awer net selbstverständlech, huet d’Lafzäit vun 3 Stonnen an 10 Minutten ufanks relativ vill Leit ofgeschreckt. Ma den drëtten Deel wäert an dësem Beräich nach eng gutt Schëpp dropleeën.

Avatar 3 gouf zäitgläich mat Avatar 2 gedréint. De Film ass also schonn an der Këscht a soll kuerz viru Chrëschtdag 2024 an de Kino kommen. Aktuell befënnt en sech an der Postproduktioun an den aktuelle Cut beleeft sech op ganzer 9 Stonnen. Dës Durée soll dann och komplett mat deierer CGI opgeschafft gi well dës Versioun iergendwann 2025 als Mini-Serie op Disney+ erauskomme soll.

Fir de Kino misst een awer wuelverstanen e gutt Stéck kierzen, woubäi kierze beim James Cameron éischter relativ ass. Geet et dem Regisseur no, wäert Avatar 3 un der 4 Stonne Mark krazen. Do muss een allerdéngs soen, esou impressionant dem James Cameron seng Filmer och sinn, iergendwann ass et vläicht och ze vill des Gudden.