De Regisseur an de Schauspiller hunn sech rezent zu enger méiglecher Fortsetzung geäussert.

Den Actionfilm John Wick 4 huet bis ewell op der ganzer Welt en enorme Succès gefeiert. A scho méi laang hoffen d’Fans, dass e fënneften Deel hoffentlech net laang op sech waarde léisst. Vum Studio Lioansgate huet et esouguer laang geheescht, dass de véierten a fënneften Deel Back to Back géif gedréint ginn.

Ma ech muss d’Fans leider enttäuschen, well op de fënneften Deel musse mir nämlech wéi et schéngt nach eng gutt Zäitche waarden. De Regissuer Chad Stahelski huet rezent verroden, dass een sech elo mol eng Paus vun der Franchise misst huelen. Iergendwann an e puer Méint géifen hien an de Keanu Reeves sech da gemittlech bei 20 Joer alem Whisky zesummesëtzen an ufänken ze brainstormen.

Op alle Fall misst een den ale Filmer trei bleiwen an sech wierklech gutt iwwerleeën, wéi eng wieder Fortsetzung kéint ausgesinn. Sag niemals nie, sot och de Schauspiller rezent an engem Interview. Loscht op e fënneften Deel hätt hie perséinlech nämlech op alle Fall.