
© Alberto PIZZOLI / AFP
No all de Gerüchter ronderëm de nächste Film vum Quentin Tarantino, huet sech elo de Regisseur selwer zu Wuert gemellt.
Lescht Woch hate mir iwwer den nächsten, 10ten an zugläich leschte Film vum Quentin Tarantino geschwat an zu de verschidde Gerüchter huet sech de Regisseur selwer elo an engem Gespréich mam Thierry Frémaux, Direkter vum Filmfestival zu Cannes, geäussert.
Hei fannt dir déi ursprénglech News.
E puer Saachen si wouer, villes wier awer och falsch. Jo, de Film géif effektiv The Movie Critic heeschen, soll am Joer 1977 spillen an d’Dréibuch wier och scho fäerdeg. Allerdéngs wier et Blödsinn, dass de Film vun der bekannter Filmkritikerin Pauline Kael handelt.
Méi huet de Quentin Tarantino net verroden. Mir dierfen also gespaant sinn, wat de Regisseur eis als grouss Final vu senger Karriär wäert presentéieren. D’Dréiaarbechte sollen nämlech schonn dëst Joer am Hierscht ufänken.