De 4ten Abrëll 1923 ass Warner Bros. gegrënnt ginn. De Massimo kuckt an deem Kader op déi erfollegräichsten a bekanntste Produktioune vum Studio zréck.

Lauschtert hei de Reportage

Wien op 100 Joer Warner Bros. zréckkuckt, dee kënnt net laanscht zwee weltwäit bekannte Franchisen. Ugefaange mam Jong, deen iwwerlieft huet. 1997 ass dat éischten Harry Potter Buch op de Marché komm an huet e weltwäiten Hype ausgeléist, dee bis haut unhält. D’Rechter un de Wierker vum J.K. Rowling huet sech Warner Bros. geséchert an de Studio huet vun 2001 bis 2011 aacht Filmer ronderëm den Zauberer an de Kino bruecht. D’Harry Potter Filmer hu weltwäit 8 Milliarden Dollar agespillt, net mat agerechent sinn déi dräi Phantastic Beasts Filmer, déi e Spin-Off aus dem Potter-Versum sinn.

Nieft Harry Potter gehéiert och der Herr der Ringe zu den erfollegräichste Produktioune vu Warner Bros. Och hei handelt et sech ëm eng Verfilmung vun engem weltwäit erfollegräiche Roman, dës Kéier vum J.R.R. Tolkien. Wat bei der Herr der Ringe Trilogioe besonnesch ervirzehiewen ass, déi dräi Filmer waren zesumme fir 30 Oscaren nominéiert, vun deenen zum Schluss 17 konnte gewonne ginn. Net verwonnerlech also, dass Warner Bros. un dëse Succès wollt uknäppen. 9 Joer no Die Rückkehr des Königs ass vun 2012 bis 2014 eng wieder Trilogie mam Numm The Hobbit an de Kino komm. Zwar hunn dës Filmer keen Oscar gewonnen, mee et konnt een sech ëmmerhin de Superstar Ed Sheeran fir de Soundtrack sécheren.

Net grad esou erfollegräich, ma trotzdeem net ze vergiessen ass nieft de verschidde Batman-Filmer och déi ganz Matrix Trilogie. Jo ech soe bewosst Trilogie, well de véierten Deel vergiesse mir besser.

Wat vill Leit vläicht net, oder net méi wëssen, déi meescht vun eis si mat Warner Bros. opgewuess. Zu Warner gehéiert nämlech ënnert anerem Cartoon Network an do mat dobäi sinn ënnert anerem d’Shows The Flintstones, Dexter, Scooby-Doo an, allsäits beléift, och nach am Joer 2023, Tom and Jerry.

Natierlech kritt an der Geschicht vun 100 Joer Warner Bros. och den eegenen Animatiounsstudio eng extra Ernimmung an eisem Réckbléck. Warner ass nämlech responsabel fir d’Looney Tunes, a komm mir sinn éierlech, Figure wéi de Bugs Bunny, Daffy Duck, Tweety an natierlech de Road Runner, hunn eis alleguer flott Stonnen an der Kandheet verschaaft.

Warner Bros. begleet eis amfong e Liewe laang. An der Kandheet waren et Cartoons an haut als Erwuessene sinn et Filmer a Serien, déi eis begeeschteren. Well egal op een elo Disney oder Warner Bros. heescht, am Joer 2023 kënnt een als Entreprise an der Entertainmentbranche net dolaanscht, fir och an de Serien a Streamingberäich ze expandéieren.

Warner Bros. huet nämlech ënnert anerem d’Rechter vun HBO an dëse Studio ass bekanntlecherweis responsabel fir eng vun den erfollegräichste Serië vun allen Zäiten, Game of Thrones. A wa mir scho beim Thema sinn, och de Spin-Off House of Dragons vum hauseegene Streamingdéngscht HBO Max, gehéiert zu Warner Bros.

Happy Birthday Warner Bros. Alles Guddes fir deng 100 Joer!