De Bier mat roudem Hut a bloem Trenchcoat kënnt zréck an de Kino.

Frot mech net firwat, mee e Film, deen ech wierklech ëmmer an ëmmer rëm kéint kucken, ass Paddington. De sympatheschen a manéierleche Bier mat roudem Hutt a bloem Trenchcoat, deen zu London eng nei Famill fënnt a mat hir allerhand Aventuren erlieft. Et ass einfach e richtege Feel-Good-Film.

2014 koum den éischten an 2017 den zweeten Deel an de Kino an endlech, no laangem Hin an Hier, steet fest, Paddington 3 kënnt an t’Dréiaarbechte solle schonn am Juli dëst Joer ufänken. An dëser Fortsetzung verschléit et de Bier a säin Heemechtsland Peru.

D’Produzente sinn dës Kéier anerer, et bleift also ofzewaarden op den drëtten Deel genee esouvill Häerz, Witz an Emotioun wäert hunn wéi seng Virgänger. Gerüchter behaapten esouguer, dass den Harry Styles seng Fangeren iergendwéi am Spill huet.