
© Youtube
10 Joer nom leschten Deel gouf endlech confirméiert, dass e nächste Film iwwer de Shrek an de Kino kënnt.
13 Joer ass et hier, dass de Shrek a sengem bis ewell leschte Kinosfilm ze gesi war. Zanter 2010 gëtt ëmmer nees iwwer e fënneften Deel geschwat, bis ewell ass awer ni eppes doraus ginn.
Wéi et awer elo vun engem Responsable bei Illumination heescht, ass Shrek 5 tatsächlech an Aarbecht. Konkretes gouf awer net verroden, just dass een aktuell mam originale Cast a Gespréicher wier, déi anscheinend guer net mol esou schlecht géife lafen. Den Eddie Murphy hat jo scho virun e puer Wochen säin Interessi un enger weiderer Fortsetzung geäussert.
Weider Detailer ginn et bis elo nach net.