
© JEAN-BAPTISTE LACROIX / AFP
Disney huet rezent e neie Live-Action-Remake confirméiert.
Zanter Jore sti bei Disney Live-Action-Remakes ganz grouss um Agenda. No Dumbo, Pinocchio an The Lion King, soll an de nächste Joren nach e Remake vu Peter Pan, Arielle, Schneewitchen an Aristocrats um Programm. Déi eng kommen an de Kino, anerer direkt op den hauseegene Streamingdéngscht Disney Plus.
Bis ewell huet Disney sech op eeler Klassiker beschränkt. De nächste Remake soll awer elo e Film sinn, deen nach guer net esou al ass an zwar Vaiana aus dem Joer 2016.
Weider Detailer ginn et bis ewell nach net, ausser dass den Dwayne Johnson seng Fanger iergendwéi am Spill wäert hunn.